Résumé de l'épisode
Eng Australesch Breakdancerin hat 2024 op den Olympesche Spiller zu Paräis een Danz virgestallt, deen zum grousse virale Moment gouf. Méintlaang gouf iwwert d‘Rachael Gunn de Geck gemaach. An engem neien Dokumentarfilm erzielt si, wei si des Zäit erlieft hat. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragekuckt.
Eng Australesch Breakdancerin hat 2024 op den Olympesche Spiller zu Paräis een Danz virgestallt, deen zum grousse virale Moment gouf. Méintlaang gouf iwwert d‘Rachael Gunn de Geck gemaach. An engem neien Dokumentarfilm erzielt si, wei si des Zäit erlieft hat. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragekuckt.
Épisodes
Raygun - Wann d'ganz Welt iwwert ee laacht
ÉcoutéEng Australesch Breakdancerin hat 2024 op den Olympesche Spiller zu Paräis een Danz virgestallt, deen zum grousse virale Moment gouf. Méintlaang gouf iwwert d‘Rachael Gunn de Geck gemaach. An engem neien Dokumentarfilm erzielt si, wei si des Zäit erlieft hat. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragekuckt.
Kämpferin fir d'Rechter vun all de Fraen
ÉcoutéWéineg Perséinlechkeeten hunn am Frankräich vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert esou vill fir d’Rechter vun de Frae gemaach wéi déi politesch engagéiert Affekotin Gisèle Halimi. D'Journalistin Annick Cojean an d'Actrice Marie-Christine Barrault waren d'lescht Woch an der Abtei Neimënster fir en en Diskussiouns- a Liesowend iwwer déi grouss Feministin. D'Gisèle Halimi war och de Sujet vum leschte B-Radio.
Optakt vum CinEast-Festival
ÉcoutéUm Mikro vum Michel Delage geet de Festival-Direkter Radek Lipka op e puer Héichpunkte vun der 19. Editioun an. Den Optakt ass dëse Freideg.
Wat mécht “The 25. Birthday Edition” vun der Nuit des Musées aus?
ÉcoutéAn eise Muséeë gëtt schonn dat ganzt Joer mat spezielle Programmatioune gefeiert: de Casino an der Ënneschtgaass ass 30 Joer al ginn, de Mudam 20; den Naturmusée ass zanter 30 Joer am Gronn. Dëse Weekend erwaart iech elo eng speziell Nuit des Musées: di 25. “Birthday-Edition”. D’Kerstin Thalau huet also fir haut d’Laura Zaccaria vun der ICOM Lëtzebuerg, Coordinatrice générale fir d’Nuit an eise Studio invitéiert.
Shida Bazyar kritt den Däitsche Buchpräis
Écouté„E Roman géint Gläichgëltegkeet“ nennt d‘Jury vum Däitsche Buchpräis de Roman „Lücken“ (Kiepenheuer und Witsch) vun der Shida Bazyar an zeechent d‘Schrëftstellerin mam renomméierte Literaturpräis aus. Valerija Berdi mat Detailer. Lauschtert d'Rezensioun vum Buch hei.